Op Léiffrawëschdag (Maria Himmelfahrt / 15. August) gëtt de Wësch geseent.
De Wësch setzt sech zesummen aus verschidden Kärenzorten, Planzen déi wëll op de Felder wuessen a Kraider aus dem Gaart. Eng Muert an eng Zwiwel kommen och nach derbäi.
Fréier nodeems de Wësch geseent war, hun d‘Kanner Muert kritt an de Wësch ass an de Stall gehaangen gin fir d‘Véih ze beschützen. D’Fruucht dervun ass mat dem Geseems vermëscht a mat ageséit gin. Aus de Kraider ass Téi gemaat gin an Zwiwel ass an d‘Zopp komm. Ass een am Haus gestuerwen, huet en de Wësch ënner de Kapp mat an d’Luet geluet kritt.
Nach alter Tradition wird an Maria Himmelfahrt (15. August) der Kräuterstrauß gesegnet.
In den Kräuterstrauß gehören wildwachsende Kräuter sowie Gartenkräuter und verschiedene Getreidesorten. Eine Möhre und eine Zwiebel vervollständigen das Gebinde.
Früher erhielten die Kinder nach der Segnung die Möhre und der Strauß wurde im Stall aufgehängt um das Vieh vor Krankheiten zu beschützen. Die Getreidekörner wurden dem Saatgut beigemischt. Aus den Kräutern wurde Tee aufgegossen und die Zwiebel wanderte in die Suppe.
In früheren Zeiten wurde der geweihte Strauß sogar den Leuten als Kopfkissen mit in den Sarg gelegt.
Lëscht vun den Kraider
1. Kärenzorten
Geescht |
Gerste |
Orge |
Huewer |
Hafer |
Avoine |
Kar |
Roggen |
Seigle |
Wees |
Weizen |
Blé, froment |
2. Planzen vum Feld
Bäibes |
Beifuss |
Armoise (f) |
Batteralzem |
Wermut |
Absinthe (f) |
Bréidercherskraut |
Rosa Malve |
Fromageon (m) |
Dausendbliedchen |
Schafgarbe |
Achillée,mille feuilles |
Gëlle Knäpp |
Rainfarn |
Tanaisie (f) |
Haartnol, Gehaanskraidchen |
Johanniskraut |
Millepertuis (m) |
Kaméilen |
Kamille |
Camomille (f) |
Klätt |
Klette |
Bardane, grateron |
Kazeschwanz |
Ackerschachtelhalm |
Prêle des champs (f) |
Léiffrabettstréih |
Wilder Majoran |
Marjolaine (f) |
Maggiskraut |
Liebstöckel |
Livèche (f) |
Mierréidechblieder |
Meerrettichblätter |
Raifort (m) |
Muttergotteshärchen |
Waldweidenröschen |
Antoine |
Raut |
Eberraute |
Aurone (f) |
Schiggeri |
Wegewarte |
Chicorée sauvage (m) |
Strëpp |
Sauerampfer |
Oseille |
Weeblat |
Spitzwegerich |
Plantain (m) |
Wëll Muert |
Wilde Möhre |
Carotte sauvage (f) |
Wisengimmchen |
Kerbel |
Anthrisque sauvage (m) |
3. Gaardenkraider
Bounenkrettchen |
Bohnenkraut |
Sariette des jardins |
Bratzelen |
Schnittlauch |
Ciboulette (f) |
Dëll |
Dill |
Aneth |
Estragon, Däiwelsklo |
Estragon |
Estragon |
Lavendel |
Lavendel |
Lavende (f) |
Peffermënz |
Pfefferminze |
Menthe (f) |
Péiterséileg |
Petersilie |
Persil (m) |
Rousemaräin |
Rosmarin |
Romarin (m) |
Salbei |
Salbei |
Sauge (f) |
Teimerjännchen |
Thymian |
Thym (m) |
Zitrounenkraut, Häerztrouscht |
Zitronenmelisse |
Mélisse (f) |